Allgemeng
Benotzungs
bedéngungen
Verwalter, Hosting a Besëtzer
Den Internetsite www.ohjo.lu an de Contenu gehéiert der Sociétéit Ohjo s.àr.l.-s. ,25a, route de l’Europe L-5531 Remich. Dëse Website gëtt vun der Firma root S.A. 3, op der Poukewiss-L-7795 Roost, LUXEMBOURG gehost.
Mat dem weidere Benotzen vun dësem Site, erklärt dir iech automatesch averstanen eis allgemeng Benotzungsbedéngungen gelies ze hunn an ouni Ausnam ze akzeptéieren. D’ Sociétéit Ohjo s.àr.l.-s. behält sech d’Recht des Allgemeng Benotzungsbedéngungen zu Allzäit kennen ze änneren. Dohier rot D’ Sociétéit Ohjo s.àr.l.-s. all Benotzer des Säit reegelméisseg ze liesen. Bei all Fro, eventuellen Problemer, Feeler, oder Reklamatiounen bieden mir Iech eis iwwer info@ohjo.lu ze kontaktéieren.
Benotzung
Dësen Internetsite gouf ageriicht fir d’Sociétéit Ohjo s.àr.l.-s. virzestellen, seng Memberen ze informéieren, seng Popularitéit ze steigeren, iwwer seng Aktivitéiten ze beriichten, Kontakt ze erliichteren a méiglech nei Memberen ze fannen.
Wärend dem Benotzen vun dësem Site verséchert de Visiteur sech zu all Zäitpunkt éierlech, mat beschter Absicht dem Gesetz no géigeniwwer der Ohjo s.àr.l.-s. a senge Partner ze behuelen.
D’ Sociétéit Ohjo s.àr.l.-s. waacht iwwer d’Verfügbarkeet vum Internetsite. Parcontre hëlt D’ Sociétéit Ohjo s.àr.l.-s.. keng Responsabilitéit iwwer de Contenue vun dësem Site oder vun verlinkte Säiten a leent ausserdeem all Verantwortung iwwer d’Notzung vun den Informatioune vun dësem Site an de verëffentlechten Säiten of.
D’ Sociétéit Ohjo s.àr.l.-s. hëlt och keng Garantie wann de Site wéinst eventuellen Aarbechten, Verbesserungen, techneschen Problemer oder sos eventuelle Grënn net verfügbar ass.
Mir behalen eis d’Recht dem Benotzer den Zougang zu dësem Site zu all Zäitpunkt an ouni Virwarnung ze refuséieren.
Datesécherheet
D’Sociétéit Ohjo s.àr.l.-s. versicht säi Bescht d’Sécherheet ze garantéieren an ass beméit d’Sécherheet vun ärem Privatliewen ze schützen an ze respektéieren, ganz am Aklang mat der europäescher perséinlecher Dateschutzbestëmmung (EU 2016/679 genannt “GDPR”).
Ganz no der Gesetzgebung vun der Sécherheet vun den Daten hu dir d’Recht op den Zougang, d’Läschen oder d’Beaarbechtung vun ären perséinlechen Daten. Dir kënnt eis zu all Zäit eng Email mat der Ufro op gdpr@ohjo.lu schécken.
Mir verwalten är perséinlech Daten déi dir eis fräiwëlleg an ongezwongen z.B. beim Benotzen vun eisem Kontaktformular geschéckt hutt. Mat dem Ukräizen vun der GDPR Këscht an dem Verschécken, gi dir eis är Averständnis, dass är perséinlech Daten vun eis verwalt ginn. Dir kënnt zu all Zäit eis Lëschte verloossen andeems dir eis eng Email mat der Ufro fir d’Läschen vun ären Informatiounen op gdpr@ohjo.lu schéckt.
Ugewannte Recht
All Sträitfall, d’Opruffen an d’Notzung vun dësem Internetsite duerch de Benotzer ënnerleien den entspriechenden lëtzebuergeschen Gesetzer.
Kontakt
Ohjo s.àr.l.-s.
25a, route de l’Europe
L-5531 Remich
info@ohjo.lu